JW subtitle extractor

Biet all Dag

Video Other languages Share text Share link Show times

Ech ka bieden, mol hei a mol do,
well Jehova ass fir mech ganz no.
Stinn ech op no der Nuecht,
hunn ech mir iwwerluecht,
wéi ech Gott Merci soe fir den Dag.
Vill flott Saache sinn op mengem Wee,
kuerz gebiet ass fir Gott och OK.
Hunn ech grad mol keng Rou,
sinn ech trotzdeem nach frou,
biede lues, well Gott héiert och esou.
Ech ka bieden, mol hei a mol do,
well Jehova ass fir mech ganz no.
An och nuets ass hien do,
fir Gott ass dat keng Fro.
Ganz egal wou ech sinn:
Gott ass no.